Aus Olivier gouf Caroline: am falsche Kierper gebuer
D'Caroline Bück war als Olivier op d'Welt komm. Haut sicht si no Akzeptanz. Am zweeten Deel kucke mir mam Claude Michely op seng Cyclocross-Karriär zeréck.
De Portrait: Caroline Bück
D'Caroline Bück ass am falsche Kierper op d'Welt komm. Als Olivier gebuer, war si sech zimmlech séier sécher, dat si net am Kierper vun engem Mann wéilt liewen. No joerelaangem Sichen huet d'Caroline du mat 30 Joer decidéiert an Thailand eng Geschlechtsëmwandlung ze maachen.

Wierklech glécklech ass si haut awer trotzdeem nach net. Ze wéineg Akzeptanz an ze wéineg Léift maachen hiren Alldag aus. Besonneg vun hirer Famill hätt si sech méi Versteesdemech erhofft. An eng Zukunft mat engem Partner un hirer Sait ass hire gréisste Wonsch.
Wat ass ginn aus dem... Claude Michely?
De Claude Michely huet 1985 fir e ganz grousse Moment an der Lëtzebuerger Sportgeschicht gesuergt. Op engem, duerch Schnéi an Äis, ganz technesche Parcours am Münchener Olympiapark konnt de Claude Michely bis um Enn op de Weltmeeschtertitel hoffen. Eréischt am leschten Tour ass d'Decisioun gefall. Gewonnen huat deemools de Klaus-Peter Thaler virum Adrie Van der Poel an dem Claude Michely. Vum Ufank vun der Course un war de Profi-Coureur ganz vir an huet d'Lëtzebuerger Supporter op der Plaz a virun der Tëlee begeeschtert.

De Claude Michely war dee beschte Lëtzebuerger Cyclocross-Spezialist vum Enn vun de 70er bis Uganks den 90er Joren. Am Ganzen huet den Escher 13 national Championstitele kënne féieren an huet jorelaang als Profi och am Ausland fir gutt Resultater gesuergt. Den Héichpunkt vu senger Karriär war awer déi 3te Plaz bei der WM zu München am Joer 1985.
Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé.