Méi RTL, dat heescht och "Méi Kultur" mat "No ART on AIR by RTL" - engem neien, labberen Talk iwwer kulturell Themen. Ëmmer donneschdes no 8.

Invité en Donneschdeg den Owend am No Art On Air war den Drummer Jeff Herr. De Museker ass wuel haaptsächlech am Jazz doheem, mä spillt och mol bei Pop oder Rock-Nummere mat, dat souwuel a senger eegener Band Jeff Herr Corporation, awer och als Batteur bei anere Formatiounen.

D'Danièle Michels huet iwwert d’Netflix Doku-Serie "Wild Wild Country" geschwat an de Gibbes Bertolo hat zwee Theme matbruecht: e Guide iwwer Lëtzebuerg an de franséische Museker "Le Grand Corps Malade".

De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.