"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 19 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Wéi gesinn Designer d’Zäit vum Confinement, baséiert op dem Boccacio sengem Text „Decamerone“ aus dem 14. Joerhonnert? Dat ass d’Iddi hannert der Initiativ vum Cercle Cité. D‘Direktesch Anouk Wies erkläert wéi dëse virtuelle Projet leeft.

Mir léieren och d’Designerin Irina Moons kennen an huelen Iech mat an 3 Expoen: an de Gronn, op Tréier, an an den CNA op Diddeleng, wou de Fotograf Christian Aschmann ausstellt.

Als Tipp stelle mer Iech zwee Filmer vum Robert Eggers vir.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air - Edition Quarantän" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo