"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Zënter 11 Joer ass d’Jeanne Werner haaptberufflech Schauspillerin an pendelt tëscht Wien a Lëtzebuerg an tëscht Film an Theater... Den Ament ass se hei am Land a preparéiert sech op zwou Produktiounen: "Edda Gabler" am Groussen Theater an "Boys and Girls" am TOL.

Dee klengen Theater TOL profitéiert den Ament vun der Solidaritéit ënnert den Theateren a spillt seng aktuell Produktiounen am Théâtre National an am Kapuzinertheater.

D'Sandy Elsen stellt eis d'Laureate vum éischte Prix de sculpture vir: Bertrand Ney a Sophie Medawar.

No Art on Air dës Woch mam Christiane Kremer.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo