"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Jorelaang huet hien op a fir d'Bün geschafft: als Acteur, Regisseur an Auteur am Cabaret, am Kannertheater a fir Fräillicht-Produktiounen. Viru siwe Joer ass en als fräischaffende Kënschtler an d'Pensioun gaangen an huet och decidéiert net méi selwer ze spillen.

Dofir hëlt de Jemp Schuster sech méi Zäit fir ze schreiwen. "Bluttsëffer" heescht säin éischte Roman, deen nächst Joer nach eng Fortsetzung kritt.

D'Christiane Kremer stellt d'Buch "Die Mutationen" vir, fir dat de Francis Kirps nächst Woch de Servais-Präis iwwerreecht kritt.

D'Patricia Baum hëlt eis mat an d'Galerie Schlassgoart fir nei a grouss Wierker vum Eric Mangen.
No Art On Air presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air