Den Thierry Faber, den Auteur vu "Capitani"
Invité: De Papp vum "Capitani Thierry Faber, ausserdeem de Film "The Dig" an den Event "Woman in March" zu Déifferdeng.
Zu Lëtzebuerg war en direkt e grousse Succès, elo ass de "Capitani" och iwwer Netflix an der ganzer Welt ze gesinn. Wéi gesäit dee Mann dat, deen d'Iddi vun der Serie hat? A wéi geet et elo mat der zweeter Staffel weider? Mir froe beim Thierry Faber no.
De Loïc Tanson huet de Film "The Dig" mam Ralph Fiennes matbruecht
An d'Claudia Kollwelter schwätzt iwwer "Woman in March" zu Déifferdeng.
No Art On Air aus dem Carré zu Hollerech – presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.