Invité: de Schauspiller André Jung, ausserdeem d'Oscarnominéiert Co-Produktiounen an d'Buch "Eurotrash".

Den André Jung steet zënter Jorzéngten op auslännesche Bünen, mä et zitt en ëmmer erëm fir Projeten zeréck op Lëtzebuerg. Den Ament ass hie fir Dréiaarbechte fir gläich zwee Filmer am Land. Doriwwer awer och iwwer déi zouen Theaterhaiser an Däitschland schwätzt hie bei No Art.

D'Christiane Kremer stellt déi zwou Lëtzebuerger Co-Produktioune vir, déi fir en Oscar nominéiert sinn.

An de Pierre Jans huet dem Christian Kracht säi Buch "Eurotrash" matbruecht.

No Art on Air aus dem Carré Hollerech presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.