Invité: De Fábio Godinho, ausserdeem Garden Sounds zu Wolz an d'Buch „D’Sandmeedchen“..

De Fábio Godinho inzenéiert Theaterstécker an steet och mol selwer op der Bün – Regie a Schauspillerei, ënnert deenen zwou Kapen ass hien och Invité am No Art.

D’Annick Goerens war bei de Garden Sounds zu Wolz mat dobäi – eng Serie vu Concerts Owender ënner fräiem Himmel.

An d’Sandy Elsen stellt d’Sandmeedchen vir – dat éischt Lëtzebuergescht Kannerbuch, dat Biller lieweg mécht.

No Art On Air haut aus dem Carré zu Hollerech presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.