Invitéen: Den Eric Mangen an den Jeremy Palluce schaffen alle béid ganz ënnerschiddlech an der Konscht. Wat si verbënnt: e groussen Hangar um Houwald.

Haut am No Art mat direkt 2 Invitéen: den Eric Mangen an den Jeremy Palluce. E groussen eidelen Hangar um Houwald déngt den Ament dem Eric Mangen als grouss Ausstellungsplaz. Eng Expo mam Titel „Neon“. De Jeremy Palluce schafft mat verschidden Disziplinnen an gehéiert zu de jonken opstriewende Kënschtler. Och hie wäert am Juli um Houwald ausstellen.

D’Patricia Baum stellt e méi speziellt Kachbuch vir. „Gudden Appetit“ erzielt Geschichten iwwert d’Iessen a ronderëm d'Schmelz.

No Art On Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.