Invité: D'Rosalie Maes krut d'Schauspillerei an d'Wéi geluecht. Ausserdeem: d'Buch "Wie viele Faden tief" an e Bijou-Workshop zu Nidderaanwen.

Fir d’lescht stoung d'Rosalie Maes am Kapuzinertheater op der Bün fir dem Helge Schneider säi Stéck „Mendy – das Wusical“. Mir kucken awer och mat hir an d’Zukunft op hir nächst Theaterprojeten.

De Pierre Jans stellt d’Buch „Wie viele Faden tief“ vum Ulrike Bail vir. D’Schrëftstellerin krut heifir am Juli de Servais Präis iwwerreecht.

D’Sandy Elsen huet bei engem Bijou Workshop vum Veronica di Leo am Kulturhaus Nidderaanwen matgemaach.

No Art on Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.