Invitée: D'Sängerin Adrienne Haan an hir Optrëtter zu Lëtzebuerg, ausserdeem den Duo Stiff Peaks a Keramik-Coursen.

Zënter 1997 lieft a schafft déi däitsch-lëtzebuergesch Sängerin an Dänzerin Adrienne Haan zu New York an trëtt ë.a. um Broadway op. Ëmmer erëm kënnt se awer och mat hire Showen op Lëtzebuerg. Si erzielt iwwer déi vergaange schwéier Zäiten an d’Loscht nees op der Bün ze sinn.

D’Valeria Wivinius huet den Duo Stiff Peaks begéint, dee sech am Rocklab mat der Fro befaasst huet: „Wéi kléngen eidel Concertshalen?“

An d’Patricia Baum war an e Keramikcours bei Nordic Stella.

No Art on Air vun der Terrass vum gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.