Invitéen: De Raphael Gindt an den Daniel Mac Lloyd, ausserdeem e Film iwwer de Michel Majerus an d'Maskénada-Produktioun "MammOmmaM".

Si schaffen zënter ville Joren zesummen, hir Graffiti-Wierker fënnt een am ganze Land. Zu Esch hunn de Raphael Gindt an den Daniel Mac Lloyd an hirem "Kamellebuttek" Atelier a Galerie zesummen. An elo woe se sech u grouss Skulpturen an hu sech dofir en ale Baurenhaff ugeschaaft. Doriwwer an iwwer eng Rei aner Projete schwätze se bei No Art.

D'Christiane Kremer stellt de Film "Michel Majerus - Next Step" vum Anne Schiltz vir.

An d'Sandy Elsen huet sech déi nei Maskénada-Produktioun "MammOmmaM" ugekuckt.

No Art on Air vun der Terrass vum Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.