Invitéen: De Claude Mangen, ausserdeem d'Nuit des Lampions zu Wolz an d'Expo Pol Aschmann am Cercle Cité.

Dei nei Saison fänkt un fir No Art a fir d’Kultur am allgemengen. No schwéiere Méint kuckt och den Direkter vum Kulturhaus Miersch a President vun der Theaterfederatioun Claude Mangen no vir. Ënner den neie Projeten ass och déi 1. Editioun vum Lëtzebuerger Theaterpräis.

D’Patricia Baum stellt déi nei an adaptéiert Versioun vun der Nuit des Lampions zu Wolz vir

An d’Sandy Elsen hëlt eis mat an d’Fotoexpo Pol Aschman an de Cercle Cité.

No Art on Air vun der Terrass vum Gudde Wëllen presentéiert vum Loïc Tanson.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.