Invité: De Christian Mosar, ausserdeem de Remix Festival vun Esch 2022 an d'Theater-Produktioun "De Bësch".

Fréier war et e Miwwelhaus, elo ass et eng nei Plaz fir zäitgenëssesch Konscht zu Esch. Dëse Weekend mécht d'Konschthal zu Esch hir Dieren op an den Direkter Christian Mosar freet sech op de Publikum.

D'Christiane Kremer war op d'Ouverture vum Remix Festival vun Esch 2022.

An d'Sandy Elsen stellt eng ganz ongewéinlech Theaterproduktioun "De Bësch" vir.

No Art on Air aus der Konschthal vun Esch presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.