Invité: D'Anouk Wies, ausserdeem d'Film-Serie "Komm ech filmen dech!" an d'Theaterstéck "Le 20 novembre".

Zënter iwwer 100 Joer steet de Cercle mattsen am Zentrum vun der Stad. Zënter 10 Joer gëtt et am Gebai de Cercle Cité, e Kulturzenter, dee mat sengen Evenementer an Expoe reegelméisseg e grousse Publikum unzitt. D'artistesch Direktesch Anouk Wies erzielt eis méi doriwwer.

D'Patricia Baum huet sech der Realisatrice Geneviève Mersch hir Serie "Komm ech filmen dech!" ugekuckt.

An d'Sandy Elsen war an den Theater fir d'Produktioun "Le 20 novembre".

No Art on Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Loïc Tanson.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.