Invitée: Ursula Meissner, „Die Enkelin“ vum Bernhard Schlink an de Film „Hinterland“.

D’Ursula Meissner ass Krichs- a Krisenfotografin, si zielt aus hirem aussergewéinlechem Alldag, a wisou et si ëmmer erëm op di geféierlechst Plazen op der Welt zitt.

D’Valeria Wiwinius huet dem Bestseller Autor Bernard Schlink säi neie Roman "Die Enkelin" gelies, an huet den Auteur bei enger Liesung getraff.

An Patricia Baum war sech de Film Hinterland ukucken, e Film deen quasi komplett an enger Blue Box gedréint gouf a wou een eng Rëtsch Lëtzebuerger Käpp erëm gesäit.

No Art On Air aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.