Invitéen: Jean-Marc Dimanche - Curateur - a Claude Schmitz - Créateur de Bijoux a Gewënner bei der leschter Biennale.

Et ass di drëtten Editioun vun der Biennale « De Mains de Maîtres ». D’Konschthandwierk gëtt hei a Valeur gesat a weist di verschidde Beruffer. «Viv(r)e la matière! » ass d'Thema vun dëser Editioun, déi de Jean-Marc Dimanche curatéiert huet.

De Claude Schmitz huet d’Créatioun vu Bijouen zu sengem Beruff gemaach an ass zënter der éischter Editioun bei der Biennale dobäi.

D’Patricia Baum war sech déi aktuell Ausstellung «Bijoux d’artistes» an de Cercle Cité ukucken. Bijouen, déi vu bekannte Kënschtler kréeiert gi sinn, vu Picasso bis Koons.

No Art On Air aus der Ausstellung «De Mains de Maîtres» presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.