Invitée: Caroline Koener - Kostüm-Designerin bei Film an Theater - ausserdeem d'Expo "Freigeister" am MUDAM an d'Serie "Maid".

D'Caroline Koener mécht Kostümer fir Film- an Theaterproduktiounen. Si huet ënner anerem de Superjhemp gekleet oder och Stare wéi de Benoît Poelvoorde oder d'Catherine Deneuve am Film "Le tout nouveau testament". Ausserdeem huet se en eegenen nohaltege Projet, deen den Numm "Huddelefatz" dréit. Iwwer alles dat erzielt se mat vill Passioun.

D'Sandy Elsen hëlt eis mat an d'Expo "Freigeister" an de MUDAM .

An d'Valeria Wiwinius huet sech d'Serie "Maid" ugekuckt.

No Art on Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Loïc Tanson.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.