Invité: Den Joy Hoffmann - ausserdeem de Film "The power of the dog" an d'Filmer vum Pol Cruchten.

Den Joy Hoffmann kennt een als Filmkritiker an als Matbegrënner vum Utopia, elo huet hien säin éischten Dokumentarfilm realiséiert. Am Mëttelpunkt steet säi Stater Quartier an deem hien opgewuess ass an och haut nach lieft: de Lampertsbierg.

De Loïc Tanson huet sech der bekannter Regisseurin Jane Campion hire leschte Film "The Power of the Dog" ugekuckt a verréit wisou et fir hien ee vun de beschte Filmer vum Joer ass.

A mam Christiane Kremer bleiwe mer an der Welt vum Film, si zielt eis wat mam Realisateur Pol Cruchten, dee virun 2 Joer verstuerwen ass,  senge Filmer wäert passéieren a wéi wichteg d’Restauratioun vun dësem Patrimoine ass.

No Art On Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.