Invité: De Luc Spada, ausserdeem eng Expo iwwer erweidert Bicher an di belsch-lëtzebuergesch Serie "Coyotes".

De Luc Spada ass bekannt als Auteur, Poetry Slammer an och mol Schauspiller. Elo ass hien en neie Wee gaangen, nämlech deem vum Museker. Am No Art erzielt hie méi iwwer seng éischt Schrëtt an der Musekswelt mat sengem éischten Album «Ciao Luca».

D’Patricia Baum war sech an d’Rotonden d’Ausstellung «Augmented Books» ukucken, eng Expo déi weist wat d’Buch vun haut alles kann.

D’Sandy Elsen erzielt vun der Belsch-Lëtzebuerger Serie «Coyotes», déi den Ament op Netflix ze gesinn ass.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.