Invité: Den Nicolas Steil, de Programm vum Luxfilmfest an d'Expo iwwert de Jean-Pierre Adam zu Diddeleng.

Den Nicolas Steil huet direkt 2 Kapen un, déi vum Realisateur an Produzent. Am No Art stellt hien 2 aktuell Filmer vir.

D’Christiane Kremer kuckt op de Programm vum Luxfilmfest. Wat kann ee kucke goen an wéi leeft d’Editioun vun dësem Joer of?

D’Sandy Elsen war op Diddeleng, op d’Spuere vum Lëtzebuerger Kënschtler Jean-Pierre Adam, mat den 2 Ausstellungen an der Galerie Nei Liicht an Dominique Lang.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.