Invitéeën: D'Mirka Costanzi an d'Tammy Reichling, ausserdeem d'Expo an der Annexe zu Buerglënster an dat neit Buch vum Désirée Nosbusch.

« E roude Fuedem duerch de roude Buedem” dat sinn 6 Soen, 6 Weeër an 6 Gemengen. An dofir sinn haut d’Mirka Costanzi an Tammy Reichling vu Maskénada eis Invitéen an zielen méi iwwert de Projet vun de Lëtzebuerger Legenden.

D’Valeria Wiwinius war an d’Annexe zu Buerglënster an stellt di 3 Artisten fir di den Ament do ausstellen.

D’Christiane Kremer presentéiert dat neit Buch vum Désirée Nosbusch. Eng Autobiografie mam Titel «Endlich noch nicht angekommen».

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.