Invité: De Museker an Dänzer Edsun, ausserdeem Literatur zu Beetebuerg an d'Foto-Expo Ketter-Feyder.

Schonn als klenge Bouf huet e gedanzt, soubal anzwousch Musek ze héiere war. Haut ass hien als Komponist, Sänger an Dänzer op de Bünen ze begéinen. Ee grousse Moment ass fir hien den Optrëtt an der Rockhal, do wou eng Kënschtleresidenz huet. Doriwwer awer och iwwer seng Manéier fir sech auszedrécken, schwätzt den Edsun bei No Art.

D'Patricia Baum hëlt eis mat op an d'Expo vun de Fotografen Norbert Ketter a Sophie Feyder an de Cercle Cité.

An d'Valeria Wiwinius war op Beetebuerg bei de Literatour.

No Art On Air, vun der Terrass vum Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.