Invitée: Lynn Cosyn, ausserdeem d'Expo Art Cars an de Bezuch tëscht Konscht a Kommerz.

Et ass Konscht op Rieder –

Am Kader vun Esch 2022 stinn den Ament déi bekannten "Art Cars" um alen Arbed Site Esch/Schëffleng.

De Pitt Wagner erzielt déi beweegte Geschicht vun de bemoolte Rennautoen.

Haaptinvitée ass d'Illustratrice  d’Lynn Cosyn, déi gewinnt ass op Commande ze schaffen an och hir Konscht ass viru kuerzem héich geflunn.

A wéi engem Verhältnis bildend a kommerziell Konscht zouenee stinn, erzielt eis d’Patricia Baum mat Beispiller aus  der Konschtgeschicht.

No Art On Air, am Dekor vun den Art Cars, presentéiert vum Jenny Fischbach.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.