Invitéen: Charel Meder an Marc Angel, ausserdeem d'Jubiläumsexpo an der Galerie Valerius an de Programm vun de Francofolies.

De Charel Meder an de Marc Angel erzielen am No Art iwwert hir gemeinsam BD. "Schortgen - en Eisefrësser an der Chamber" erzielt d'Geschicht vum éischte Lëtzebuerger Aarbechter deen 1914 an d'Chamber gewielt ginn ass.

D'Galerie Valerius an der Stad feiert hire 5. Gebuertsdag, an deem Kader war sech de Joël Seiller déi nei Gruppen-Ausstellung ukucken.

D'Sandy Elsen kuckt op de Programm vun de Francofolies zu Esch, wou och dëst Joer erëm vill bekannte Käpp dobäi sinn.

No Art On Air, vun der Terrass vum Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.