Invitée: D'Marion Rothhaar iwwer d'Theaterstéck "Die Machine steht still", ausserdeem aktuell Expoen am Resistenzmusée Esch an der Galerie Reuter-Bausch.

Theaterproduktiounen op ongewéinleche Plazen inszenéieren, dat mécht d'Regisseurin Marion Rothhaar besonnesch gär. Den Ament geschitt dat op der Industriefriche Schëffleng mat der Kuerzgeschicht "Die Maschine steht still" vum engleschen Auteur E.M. Forster.

D'Sandy Elsen war sech d'Expo iwwer de expressionistesche Moler a Graveur Frans Masereel an de Resistenzmusée op Esch ukucken

An d'Claudia Kollwelter stellt d'Wierker vum Julie Wagener an der Galerie Reuter-Bausch vir.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Christiane Kremer.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.