Invitéen: D'Acteure Pitt Simon a Luc Schiltz, ausserdeem d'Buch "Lärm" vum Guy Helminger.

E leeft schonn, de Festival vun Avignon, wou direkt 4 Lëtzebuerger Theater an Danzproduktiounen derbäi sinn. Eng dovunner ass "Terres Arides" vum Ian de Toffoli. Déi zwee Acteure Pitt Simon a Luc Schiltz waren nach virum Départ an d’Provence an den No Art komm.

De Joël Seiller huet Lecture fir de Summer matbruecht, dorënner de Servais-Präis "Lärm" vum Guy Helminger.

No Art On Air, vun der Terrass vum Gudde Wëllen, presentéiert vum Christiane Kremer.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.