Invitéen: Alex Reding an Steph Meyers

No Art On Air ass nees do an dat direkt mat enger Spezial Emissioun ronderëm de Leap Präis 2022. Den Donneschden den Owend gouf an de Rotondë fir déi véierte Kéier de Leap Präis verginn. De Präis ass op 12.500 Euro dotéiert a soll als eng Ënnerstëtzung gëlle fir Kënschtler aus der Groussregioun.

De Präis, deen am Partenariat mat RTL vergi gëtt, gëtt begleet vun enger Ausstellung an de Rotondë vun de véier Finalisten, déi vun enger professioneller Jury erausgesicht gi sinn.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.