Invité: de Pianist Claude Weber. Ausserdeem e Buch iwwer d'Aline Mayrisch-de Saint-Hubert an d'Theaterstéck "Lovefool" am TNL.

No Art on Air ass erëm zeréck am Gudde Wëllen an der Stad. An an der éischter Emissioun vun der neier Saison dréint sech villes ëm staark a bekannte Fraen. Den Invité, de Pianist Claude Weber, zielt iwwer seng grouss Passioun: déi Lëtzebuerger Komponistin Helen Buchholtz, déi bal a Vergiessenheet geroden war - bis virun iwwert 20 Joer eng ganz Rëtsch vun hire Wierker duerch Zoufall opgetaucht sinn. Den Ament ass den "Salon de Helen Buchholtz" fir Esch2022 zu Esch am Bridderhaus, wou een der Komponistin hiert ganzt Wierk entdecke kann.

D’Christiane Kremer zielt iwwer zwou weider intressant Dammen: d’Germaine Goetzinger an d’Aline Mayrisch-de Saint-Hubert.

An Patricia Baum huet sech déi neisten Theaterproduktioun vun der Realisatrice Gintare Parulyte ugekuckt.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.


[comments