Invitéen: D'Nancy Braun, Generaldirektesch vun Esch 2022 an de Georges Mischo, President vun der asbl Esch 2022 an Escher Buergermeeschter.

Den 22. Dezember ass d'Clôture vum éischte Kapitel vun Esch 2022, well och dono soll et weidergoen. Wéi war Esch 2022, wéi gesäit d'Zeremonie den 22.12. aus a vrun allem wat bleift vun Esch 2022? Op dës Froe ginn et Äntwerte bei No Art on Air mat der Generaldirektesch Nancy Braun an dem President vun der asbl Esch2022 an Escher Buergermeeschter Georges Mischo.

Ausserdeem erzielt de Frank Grotz iwwer d'Dréiaarbechte fir den Dokumentär iwwer Esch 2022, deen hien amgaangen ass ze realiséieren an deen Enn Januar 2023 op RTL gewise gëtt.

De ganzen Detail iwwer de Programm vun der Clôture den 22.12. an der Rockhal fannt Der hei:

https://esch2022.lu/de/22-12-2022-rewind-play-forward/

Den Entrée ass gratis, mee et muss ee sech umellen.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.