Invité: De Jean-Philippe Koch, ausserdeem d'Expo "Pure Europe" an d'online Plattform "MénuLU"

De Jean-Philippe Koch ass an enger Musekerfamill grouss ginn an huet vun dohier scho ganz fréi mam Piano spillen ugefaangen. Niewent dem Familljen Trio Koch, huet hien och seng eege Formatioun "Dock in Absolute". An mat där spillt hien deemnächst an der Philharmonie fir e ganz spezielle Projet vum Gast Waltzing.

De Julien Marcy war sech d'Ausstellung "Pure Europe" an d'Möllerei um Bleval ukucken. Eng interaktiv Ausstellung di, ënner anerem, d'Fro opgräift wat et heescht Europäer oder Europäerin ze sinn.

"MénuLu" heescht eng lëtzebuergesch online Bibliothéik, wou een, ënner anerem, aktuell an historesch Videoen an Audiobicher ka kucken a lauschteren. De Pit Pixius huet sech dat méi genau ugekuckt.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.