Invité: De Jules Werner, ausserdeem de Film "Glass Onion" an "Fabula Rasa" an de Rotonden.

Ob an "Doudege Wénkel" oder "Capitani", de Jules Werner huet een dacks schonn um groussen an um klengen Ecran begéint. Am heefegsten ass de Schauspiller awer am Theater doheem. Sou spillt hien och an der neier Inzenéierung vum Shakespeare sengem "Songe d'une nuit d'été" am Groussen Theater mat. Inzenéiert gëtt d'Stéck vu senger Fra, der Myriam Müller. Eng Kollaboratioun, déi zanter laangem gutt funktionéiert.

De Loïc Tanson huet sech de Film "Glass Onion" ugekuckt. E spannende Krimi mam James-Bond-Schauspiller Daniel Craig.

Mam "Fabula Rasa" kann een den Ament Geschichten op eng aner Manéier erzielt kréien, an dat mat Spektakelen an der Expo "Flip Off" an de Rotonden. D'Patricia Baum huet sech de Programm ugekuckt.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.