Invitée: D'Anne Simon, ausserdeem D'Buch vum Josiane Kartheiser an d'Expo an der Galerie Zidoun&Bossuyt

D'Anne Simon kennt een éischter als Regisseurin, ma zesumme mam Nora Koenig hunn si elo eng multidisziplinär Ausstellung op d'Been gestallt. Eng Expo di ganz mat kënschtlecher Intelligenz entstanen ass.

D'Christiane Kremer stellt d'Buch "Ärztin ohne Furcht und Tabus" vum Josiane Kartheiser fir. Am Buch gëtt d'Gynekologin Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer portraitéiert.

D'Sandy Elsen war sech d'Ausstellung "I'm Not There, The Invisible Influx of Music on Art" an d'Galerie Zidoun&Bossuyt ukucken. Eng Expo di weist wéi Musek a Konscht sech kënne beräicheren an ergänzen.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.