Invité: De Bernard Baumgarten, ausserdeem d'Buch "Vun der Long op d'Zong" an zwee nei Albe vum Georges Goerens a Marcus Mumford.
De fréieren Dänzer a Choreograph Bernard Baumgarten ass zënter 2007 den Direkter vum Trois C-L. Eng Plaz, wou sech alles ëm den zäitgenësseschen Danz dréit.
De Julien Marcy stellt d'Buch "Vun der Long op d'Zong" vir, wou et ëm al Lëtzebuerger Wierder an Ausdréck geet an d'Claudia Kollwelter presentéiert zwee Alben: ee vum Georges Goerens an ee vum Marcus Mumford.
No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Loïc Tanson.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.