Invitéeën: D'Finaliste vun Generation Art.
Dës Woch huet sech d’Ekipp vum No Art aus dem Pomhouse zu Diddeleng gemellt, an dat mat enger Spezial Sendung Generation Art. Déi 3 Finalisten de Steven, d'Manon an de Pol presentéieren nämlech hei hir grouss Expo mam Titel "Melting Memories".
D'Patricia Baum huet op déi lescht Staffele vun Generation Art gekuckt, huet sech e puer Kandidaten erausgepickt an erzielt wat si haut maachen.
No Art On Air presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.
Am meeschte gelies