Invitée: D'Bettina Steinbrügge an zwou Expoen "50 Joer Lëtzebuerger Konscht" zu Stroossen a "La répétition" am Centre Pompidou zu Metz.

Et ass elo genee ee Joer, datt d'Bettina Steinbrügge hire Posten als Direktesch am Mudam ugefaangen huet. Am No Art on Air kuckt si op dat leschte Joer zeréck an zielt virun allem iwwert d'Projeten an Programmatioune vum Musée, déi elo ustinn.

D'Patricia Baum war sech op Stroossen d'Expo 50 Joer Lëtzebuerger Konscht. Iwwert 70 Kënschtler sinn hei vertrueden. Bekannten Nimm wéi Jean- Marie Biwer, Moritz Ney oder nach Patricia Lippert si vertruede, ma och zäitgenëssesch Artiste wéi dem Marco Godhino, Nina Tomàs oder Filip Markiewicz hir Wierker sinn ausgestallt.

De Joel Seiller war op Metz an de Centre Pomidou an huet sech do déi aktuell Expo "La répétition" ugekuckt. Och do gesäit ee Wierker queesch duerch d'Konschtgeschicht. Vu Warhol bis hin zu Matisse, ma och hei hunn zäitgenëssesch Kënschtler hir Plaz an der Ausstellung.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.