Invité: Den Touningenieur Philippe Kohn, doniewent d'Escher Kulturnuecht an de weltbekannte Gittarist Tommy Emmanuel

De Philippe Kohn war bei iwwer 70 Filmer als Touningenieur zu Lëtzebuerg an am Ausland derbäi a leed mëttlerweil e groussen Tounstudio zu Beetebuerg.

D'Sandy Elsen stellt de Programm vun der Escher Kulturnuecht fir an de Pit Pixius huet de weltbekannte Gittarist Tommy Emmanuel getraff.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Loïc Tanson.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.