Invité: Den Auteur Maxime Weber, doniewent de Gewënner vum Servais-Präis an de Light Leaks Festival.

De Maxime Weber ass e jonken Auteur, deen nach d’lescht Woch fir säin éischte Roman «Das Gangrän» de Prix des Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal krut. Am No Art On Air zielt hien iwwert säi Buch, ma och iwwert seng aner Passioun, d’Musek.

Mir bleiwe bei der Literatur mam Bea Kneip, hatt stellt de Servais-Präis-Gewënner vun dësem Joer vir: Tout devait disparaître vum Jérôme Quiqueret.

An d'Valeria Wiwinius zielt eppes iwwert de grousse Fotografie-Festival, Light Leaks Festival an de Rotonden.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.