De Gast Waltzing
Invité: De Museker Gast Waltzing, doniewent de Rainbow Center an den neien Album vun Tele-Port.
De Gast Waltzing steet den Ament mat engem groussen Numm aus der Jazz-Welt zesummen op der Bün, kengem anerem wéi dem Kyle Eastwood, dem Clint Eastwood säi Jong. Zesumme produzéiere si Eastwood Symphony, déi een nächst Woch an der Philharmonie kann héieren. De Gast zielt, wéi et zum Projet komm ass a wéi d'Zesummenaarbecht mam Kyle leeft.
De Julien Marcy stellt de neisten Album vun der Jazz-Formatioun Tele-Port vir an de Joël Seiller war sech déi alleréischten Expo an de ganz neie Rainbow Center ukucken.
No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.