Invitée: D'Marlène Kreins vun den zwee Centre d'Art zu Diddeleng, doniewent den European Design Festival an 100 Joer Gëlle Fra.

D'Marlène Kreins ass Responsabel vun den zwee Centre d’Art zu Diddeleng. Si zielt eis eppes iwwert déi aktuell Expo, ma och iwwert hir Passioun fir d'Industrie-Kultur a mir gi méi iwwert den Usina-Festival gewuer.

De Julien Marcy bléckt méi genee op den European Design Festival, dee vun nächster Woch u leeft an huet sech hei e puer Héichpunkten erausgepickt.

Den Dan Wiroth feiert mat eis e ronne Gebuertsdag, an zwar dee vun der Gëlle Fra, a gëtt eis nach e puer spannend Detailer iwwert des ikonesch Skulptur.

No Art On Air vun der Terrass vum Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.