Vum Usina Festival
Invitéeën: John Rech, Luka Heindrichs a Vicky Zeimetz
De leschte Weekend war de groussen Usina Festival zu Diddeleng. D'Ekipp vum No Art On Air huet dann op der Plaz d'Emissioun opgeholl, dat Ganzt mat Interviewe vu Kënschtler an Organisateuren. Als Gaascht waren déi 3 Haaptorganisateuren op Besuch, den John Rech vum Kulturzentrum op der Schmelz, d'Vicky Zeimetz vum Atelier an de Luka Heindrichs vum Gudde Wëllen. Gewise gëtt e klenge Réckbléck op de Festival an natierlech gi mer gewuer, ob et och eng Editioun 2024 gëtt.
No Art On Air vum Usina Festival, presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.