Art2Cure
Invitéeën: De Philippe Lamesch an d'Leslie De Canchy.
Art2Cure feiert 10 Joer. Och bei dëser Editioun gëtt mat Konscht Sue fir d'Fuerschung gesammelt. De Philippe Lamesch an d'Leslie De Canchy erzielen am No Art On Air wéi eng Kënschtler dëst Joer dobäi sinn a fir wéi een Zweck Sue gesammelt ginn. An och wat si déi lescht Jore scho konnten erreechen.
D'Sandy Elsen war sech an d'Konschthal déi nei Ausstellung "Flying Mercury" vum Tina Gillen ukucken.
No Art On Air aus der Art2Cure-Expo an der BIL zu Hollerech, presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.