Invitéeën: D'Michèle Walerich an Danielle Igniti, ausserdeem eng Expo am Märeler Park an en Haiku Workshop.

Ganz geschwënn, Ugangs Juli, dréint sech zu Arles am Süde vu Frankräich erëm alles em d’Fotografie. Och dëst Joer ass Lëtzebuerg um Foto Festival "Les Rencontres de la Photographie" vertrueden.  Doriwwer an iwwert de neie Foto Präis LUPA, zielen déi zwou Invitéeën, Danielle Igniti a Michèle Walerich.

D’Patricia Baum war sech an de Märeler Park eng Expo di am Kader vum EMOP leeft ukucken. Hei stellen dräi Generation Art Kandidaten hier ganz perséinlech Wierker aus.

De Joël Seiller war an d’Konschthal op Esch an huet sech am Haiku schreiwe probéiert, wat genee dat ass a wei dee Workshop ofleeft zielt och hien an der Sendung.

No Art On Air, vun der Terrass vum Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.