De Jérôme Quiqueret
Invité: De Servais-Präis Gewënner, Jérôme Quiqueret, ausserdeem de Portrait vun engem Champion a Poesie aus dem Grand-Duché.
Mat sengem Buch "Tout devait disparaître" huet de Jérôme Quiqueret de Jury vum Servais-Präis iwwerzeegt an d'Editioun 2023 vun dësem prestigiéise Literaturpräis fir sech decidéiert. De Schrëftsteller a Journalist geet a sengem Wierk op e Mord an, dee sech ufanks vum 20. Joerhonnert am Minett ofgespillt huet. En historesche Roman, dee beweist, datt d'Realitéit, a Saache Spannung, ganz gutt mat der Fiktioun mathale kann.
De Julien Marcy presentéiert de Gedichtband "Mir wëlle bleiwe wat mir ginn", deen 2020 am Kader vun der Weltausstellung erauskomm an ufanks Juni 2023 mam Luxembourg Design Award ausgezeechent gouf. E Wierk, dat esouwuel de Geescht ewéi och d'Ae begeeschtert.
D'Christiane Kremer mécht Kultur a Sport a presentéiert eng Crowdfunding-Initiativ vum Nationalmusée um Fëschmaart, déi de Portrait "Le Champion" definitiv an d'Sammlung vum Musée installéiere wëll. D'Bild gouf vum lëtzebuergeschen Expressionist Joseph Kutter gezeechent a representéiert de rout-wäiss-bloe Cyclist an Tour-de-France-Gewënner Nicolas Frantz.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.