Invitéen: Den Niels Engel an de Georges Goerens vun Englbrt.

Am No Art ass e ganz neie Museker-Duo op Besuch, hiren Numm: Englbrt. Dat sinn de Batteur Niels Engel, dee mer éischter aus Jazz-Formatioune wei KLEIN kennen, an de Georges Goerens, dee ganz ville Leit e Begrëff aus, well hie schonn zënter Joren als Leadsänger bei Seed to Tree aktiv ass. Eng intressant musikalesch Mëschung also. Si zielen iwwer hire musikaleschen Universum a wéi hir zwee ganz verschidde Stiler sech fonnt hunn. De Pit Pixius zielt eis dann iwwert eng aner Lëtzebuergesch Formatioun ëm déi et déi leschten 10 Joer ganz roueg war, mee déi elo hiren neien Album erausbréngen: Artaban.

An d'Bea Kneip huet Vakanze-Lecture mat dobäi, direkt zweemol ee Buch mam Titel Frankie an eemol eng Rees a Japan.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.