De Museker Pol Belardi
Invité: De Pol Belardi, ausserdeem d'Festivallen zu Arles an Avignon an d'Geschicht vum Graffiti
Den Jazz Museker Pol Belardi kennt een aus sëllege Museks Formatioune, hie spillt bei Klein, mam Claire Parsons oder nach bei Teleport. Elo stellt hien awer fir di éischte Kéier säi Solo Programm «Poliverse» live an der Abtei Neimënster vir. Doriwwer a villes méi zielt hien am No Art.
D’Patricia Baum war am Süde vu Frankräich direkt op 2 grousse Festivalle, d’Rencontres photographiques vun Arles an den Theater Festival zu Avignon, an erzielt wat et do alles erlieft huet.
Den Dan Wiroth huet sech d’Geschicht vum Graffiti ugekuckt, an seng eegen Highlighten aus dëser urbaner Konscht virgestallt.
No Art On Air, vun der Terrass vum Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.