Invitée: De Schauspiller Timo Wagner, ausserdeem dat neit Buch "Nuebelschnéier" an d'Ausstellung "Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn".

De Schauspiller Timo Wagner ass viru kuerzem als beschten Nowuesstalent geéiert ginn, e wuelverdéngten Theaterpräis no engem chargéierte Joer. Ma och um groussen Ecran ass de Schauspiller am Loïc Tanson sengem neie Film "Läif a Séil" ze gesinn.

De Joël Seiller stellt dem Jean Back säin neit Buch "Nuebelschnéier" fir an d'Patricia Baum war sech d'Ausstellung "Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn" an d'Pomhouse zu Diddeleng ukucken.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.