Invité ass de Kënschtler Paul Kirps. Ausserdeem ware mir op d'Frankfurter Buchmesse an op eng Expo an der Kierch zu Lasauvage.

De Paul Kirps ass e plastesche Kënschtler an assfir seng geometresch a grafesch Wierker bekannt. Hien huet vill verschidde Facetten an dréckt sech a verschidde Medien aus, grouss Fresken op Maueren, Videoen, Molerei a Fotoen.  Hien ass och den éischte Lëtzebuerger Artist, deem seng Wierker an der Kollektioun vum MoMA zu New York opgeholl gi sinn.

D’Bea Kneip war op d'Frankfurter Buchmesse, an huet sech do um Lëtzebuergesche Stand ëmgekuckt, an zielt eppes iwwer déi literaresch Nouvellen.

D’Claudia Kollwelter war sech an d’Kierch op Lasauvage d’Gruppen-Ausstellung mam Titel "No Church in the Wild" ukucken.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.