Invité war de Museker Michel Reis, ausserdeem déi nei BD "Dajee" an d'Netflix Serie "Painkiller".

De Lëtzebuerger Jazz Pianist Michel Reis ass net méi aus der Musekszeen ewech ze denken. Hie stoung schonn op villen nationalen an internationale Bünen a spillt a verschidde Museksformatiounen, dorënner den Trio "Reis Demuth Wiltgen". Ma awer och Solo ass de Pianist vill ënnerwee an huet rezent nei Kompositioune geschriwwen déi elo um neien Album "For a better tomorrow" erauskommen.

De Joël Seiller stellt déi nei BD mam Titel "Dajee" fir, wou nei Lëtzebuerger BD Kënschtler dra sinn. An de Julien Marcy huet d'Netflix Serie "Painkiller" méi genau ënnert d'Lupp geholl.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.