Invité ass d'Caroline von Reden, ausserdeem de Skulpturen Trail an de Salon vum CAL.

Mat der Caroline von Reden als Direktesch start déi zäitgenëssesch Konschtfoire den 10. November an hir 9. Editioun. Si zielt am No Art iwwert déi aktuell Foire a wat hir Visioune fir d’Zukunft sinn. D’Patricia Baum war sech am Kader vun der Artweek de Skulpturen Trail mat de Wierker vum renomméierten hollännesche Kënschtler Joep van Lieshout ukucken. An d’Sandy Elsen geheit e Bléck op déi aktuell Expo vum Salon vum CAL 2023.

No Art On Air, vun der Luxembourg Art Week, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.